Info

Wëllkomm!

VEVALO heescht Iech häerzlech Wëllkomm am klengen mee schéinen Grand-Duché vu Lëtzebuerg.

Gegrënnt am Joer 2011, ass VEVALO eng Entwécklungsagentur déi senger Passioun nogeet vun enger kreativer, nohalteger an zukunftsorientéierter Immobilienentwécklung.

Ee professionellen Service vir de Client ass bis haut d'Häerzstéck vun eiser Geschäftsphilosophie.

Mir verpflichten eis mat enger kollaborativer a personaliséierter Approche, den Proprietären vun Terrainen dobäi ze ënnerstëtzen, hier Ziler ze erreechen.

Eis Equipe vun erfuerenen Fachleit stinn iech wärend deem ganze Prozess zur Säit, ob dir Ären Terrain wëllt verkafen oder mat eiser Zesummenaarbecht entwéckelen.

Mir sinn houfreg kennen eng Palett un innovativen an eenzegaartege Servicer unzebidden, déi et eis erméiglechen zesumme mat Iech Ären Immobiliëprojet ze realiséieren.

Mir si dovunner iwwerzeegt, dass mir mat eiser Approche an eiser Experienz am Beräich vun der Immobilienentwécklung Iech effizient a rentabel bei Ären Ziler kennen ënnerstëtzen.

Kontaktéiert eis fir méi iwwer eis gewuer zeginn a beschwätzt schonn Muer ären Immobiliëprojet mat eiser Equipe.

Mir sinn eis bewosst: Zukunft ass elo!

Joe Schmit
Managing Partner

WELL DIR MÉI IWWERT EIS WËSSEN?

Puer vun eisen Projeten

Partner

Mir sinn stolz op eis vertrauensvoll Partner